Iwwert mech

 

Méin Numm ass Laurent BOQUET, ech sinn 27 Joer al a wunnen zu Esch-Uelzecht am Süden vum Land, wou ech bis elo méin ganzt Liewen verbruecht hunn. Ech sinn also een richtege Minettsdapp.

 

Mäi politescht Engagement huet am Joer 2007 ugefaang wou direkt zwee Evenementer mech geprägt hunn: Grënnen vum Internetforum www.lux-forum.lu als Reaktioun op Zenséieren vun Artikelen iwwert Homosexualitéit am Onlineforum vum Lëtzebuerger Wort an Grënnung vun der Initiative "... och fir eis!", déi sech fir Ouverture vum Mariage fir gläichgeschlechtlech Koppelen mat allen Rechten a Pflichten agesat huet,  zesummen mat mengem laangjärege Kolleg Andy Maar .

 

Säit de Gemengewalen 2011 sinn ech Member vun der LSAP an sinn Member an der Commission consultative fir Intégratioun an Chancegläichheet vun der Staat Esch. Ech hunn mech am Nationalbüro vun de Jonke Sozialiste engagéiert an sinn séit 2016 am Comité vun der Escher LSAP Sektioun an séit dësem Joer President vun der JS-Sektioun.

 

"You must be the change you wish to see in the world." - Mahatma Gandhi