Sécher, Sécher???

 

 

Et gëtt wuel keen Mënsch, deen sech fir näicht op de Wee mécht, seng Heemecht verléisst an flücht. Mee och wann een et bis an EU gepackt huet, ass een vrun Diskriminéierung net sécher. Ech begréissen der Regierung hier Beméiungen, d’Prozeduren ze beschleunegen, déi Leit déi esouvill op sech geholl hunn, net méi laang wéi néideg am Ongewëssen ze loossen, an hinnen esou séier wéi méiglech eng Äntwert op hier “Demande de Protection international” ze ginn.
Den Ausseminister huet eng acceleréiert Asyl-Prozedur ugekënnegt, fir Persounen, déi aus séchere Länner kommen. Mais do stëllt sech d’Fro: Wéi sécher ass sécher? Wat mécht e Land zu engem sécheren Land?
Ëmmer erëm kommen Persounen an d'EU, jo och op Lëtzebuerg, well se wéinst hirer sexueller Orientéierung respektiv Geschlechter Identitéit aus hirer Heemecht flüchten. Dës Persounen mussen glaafhaft maachen, dass se an hirer Heemecht a Gefor sinn, kierperlech verletzt oder agespaart, strofrechtlech verfollegt oder onmënschlech an erniddregend behandelt a bestrooft ginn.
Leiden ënner Diskriminéierung an Angscht ass hei leider keen Grond fir Asyl. Och Gesetzer, déi Homosexualitéit an Transidentitéit verbidden an ënner schwéier Bestrofung stëllen, sinn offiziell keng Grënn ze flüchten, wann een als Persoun net sëlwer, perséinlech strofrechtlech verfollegt gouf. Et geet ëm de schmuelen Spagat zwëschen subjektiver Wahrnehmung an objektiver Bewäertung vun enger perséinlecher Liewenssituatioun.  
Mais wéi kann ech beweisen, dass ech schwul sinn? Wéi kann ech beweisen, dass ech mech mat dem bei der Gebuert zougewisene Geschlecht net gutt spieren? Wéi kann ech beweisen, dass mir vun Matbierger oder guer der Staatsgewalt eppes Schlëmmes ugedoen gouf? Ech kann eng Aggressioun vun der Police kaum bei der Police mellen, kaum eng Attestatioun médicale froen, déi esou eppes beweise géif. Wéi schlëmm muss et sinn, déi grausam Erliefnesser nach eemol ze erliewen bei Beamten, déi een net kënnt, déi friem sinn.
Prozeduren sinn wichteg, et ass wichteg, deenen Léit Asyl ze ginn, déi es och wierklech brauchen. An do ass et eben och um Staat, Léit matzedeelen, dass hier Prozedur mat enger negativer Äntwert op een Enn geet.
Ech sinn voll Vertrauen an eis Regierung, dass se trotz allen Bestëmmungen iwwer sécher Länner de Schutz vu Leit, déi wierklech Schutz brauchen, op 1. Plaatz setzt an d’Schicksal vun LGBT Flüchtlingen net un der Fro vum Hierkonftsland fest mécht, zemol et trotz Empfehlungen all Land fräi steet, ze entscheeden, wat sécher ass a wat net!

 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0