Ech si kathoulesch, an dat ass och gutt esou!

Ech si kathoulesch, an dat ass och gutt esou! Ech vertrauen mech gäre engem Geeschtlechen un, mech perséinlech mécht et staark d’Sakramenter ze empfänken, ech sinn ëmmer nees impressionéiert vun de Kläng vun enger Uergel, an fillen mech sécher an enger Kierch. Je, eng Sécherheet wie een se doheem verspiert.

 

D'Kierch als deen wichtegen Deel vun menger Kandheet a Jugend, an esou staark mat eisem Marieland verwuerzelt.Ech hu vill nogeduert an de lëschten Méint a Wochen. Wat et dann elo bedeit fir déi Gleeweg: Déi vill diskutéiert Trennung vu Kierch a Stad, déi Diskussiou iwwert eis Kierchen, ob Fong oder net.

 

Een Dialog, dee längst iwwerfälleg ass an awer ze wéineg gefouert gouf, wann een net nëmmen d’Onsécherheete bei de Kierchefabriken mee och de Gleewegen sëlwer kuckt. Ee groussen Merci an dësem Kontext deene sellegen Gemengepolitiker, dass des Diskusioun net vu Parteifuerwen ofhängesch gemaach gouf, mee se no hirem freien Wëssen a Gewëssen gestemmt hunn.

 

Trennung vu Kierch a Staat: Mais sinn ech net Member vun enger Kierch déi sech grad sëlwer ofschafft? Eng Kirch, déi sech an der Scheedung an der Afferroll vläit awer bessi wuel fillt (keen kritt gäre eng Aluedung fir virun Geriicht), zumindest kennt et esou riwwer.

 

Eng Kierch déi sech verzweiwelt versicht ze reforméieren, een Fong den d' Léisung ass, am Fong ass déi néideg Reform laang verpasst. Sinn mir net längst eng Kirch vun de Begriefnesser, an Scène gesaten Hochzäiten an Kanddafen ginn? Esou wéit vun dem ewech, wat de Message vum Chrëschtentum ass?Brauche mir ee Gebai mat 500 Sëtzplaze, dat eidel steet? All Theater hätt zou gemaach, an bei eis geet et weider: The show must go on!

 

Liesen ech am kanounesche Recht, esou gëtt et séier kloer, wat d'Kommunautéit vun enger Par a wat d' Aufgaben vun engem Priister si sollen: "Can. 515 — § 1. Die Pfarrei ist eine bestimmte Gemeinschaft von Gläubigen, die in einer Teilkirche auf Dauer errichtet ist und deren Seelsorge unter der Autorität des Diözesanbischofs einem Pfarrer als ihrem eigenen Hirten anvertraut wird.".

 

Seelsorge? He? Wat? Wikipedia! „Der Ausdruck Seelsorge (lateinisch cura animarum) ist eine im Deutschen geschichtlich gewachsene Bezeichnung, die sich aus den Wörtern Seele und Sorge zusammensetzt. Er bezeichnet die persönliche geistliche Begleitung und Unterstützung eines Menschen insbesondere in Lebenskrisen durch einen entsprechend ausgebildeten Seelsorger, meist einen Geistlichen der jeweiligen Konfession."

 

Hu mir als Kierch et wierklech verpasst? De Moment, wou de Wandel néideg war, an mir et net gemaach hunn. Mir als lieweg Kierch? Spontan fällt mir een Satz an, den de Msgr. Hengen eemol gesot huet: "De Bëschof muss oppassen, dass die eng net ze wäit fir, an di aner net ze weit hannendrun lafen".

 

Mais sti mir net schonn längst? Ass en vläit och net méijlech, de Wandel, déi Seelsorg, déi vill Aarbecht mat deene wéinege Mënschen, déi sech fir de Beruff vum Priister entscheeden, ze beweltegen? Wéi géif eng Annonce am Wort ausgesinn, mat der een Paschtouer gesicht gëtt?

• Avoir une bonne capacité de communication

• présentation soignée

• savoir travailler en équipe et faire preuve d'une grande autonomie

• être diplomatique et discret!

 

Mais esou einfach ass et net! Dat Mënschlecht feelt! Dat Um-Terrain-sinn a sech och mol d'Hänn knaschteg maachen! Och mol sech op ee Stammdësch Gespréich erof loossen! Den direkte Kontakt mat de Paarléit! Nee de "Beruff" vum Paschtouer huet keng fest Aarbechtszäiten! Esou wéi Gott och net just vun 09-12 a vun 13-17 Auer fir Gebieder errechbar ass! Ech sinn frou, dass et ee puer Geeschltech ginn, déi um Terrain dobäi sinn, déi des Seelsorge eescht huelen!

 

Ech loosse mech gäre verbesseren, mee ech hunn dëst esou wichtegt Wuert an dënnen ganzen Diskussiounen iwwer d‘Trennung vu Kiirch an Staat net eemol héieren! Dëst Wuert wat dach eigentlech d'Paarliewen ausmécht! Sinn mir schonn esou wéit dovunner fort? Ech wënsche mir, dass ech och an Zukunft nach kann an d'Kierch goen! Op déi Plaatz wou ech mech doheem spieren! Ech wënschen mir awer virun allem, dass dës Kierch een Stéck méi no bei mech kënnt. Méi no béi hirt Schof, dass de Schratt op den Hiert duer méi kleng gëtt.

 

Meng sexuell Orientéierung ass kee Geheimnis! Awer ee Grond wisou ech net wollt Paschtouer ginn, an och dat ass keen Geheimnis! Ech ginn haut nach oft drop ugeschwat, wisou ech mech net fir Priesteramt entscheet hunn. Meng Äntwert ass déi selwecht - all Kéiers: "Ech kann näischt iwwer Léift priedegen wuel wëssend dass d'Kirch déi Léift déi ech keinnt fir een empfannen net accepteiert"

 

Et geet mir net drëm Zölibat of ze schaffen. Et geet dorëms, dass ech weess, dass ech eng Platz an der Kierch mat der Beruffung hunn ouni mech ze verstoppen. Ech kann awer och all Geeschtleche vollkomme verstoen, déi sech am Glawe weihe geloss hunn. Dee Standpunkt vun der Kongregatioun ass falsch an deet dese Persounen onrecht, well des Seelsorg vun der ech geschwart hunn, keen Alter, keen Handicap, keng Hautfaarf an och keng sexuell Orientéierung kennen dierf. Komm, mir besënnen eis an ginn zesummen no fir! „Méi chrëschtlech a vläit manner "kierchlech"! In Dei nomine feliciter!

Kommentar schreiben

Kommentare: 0