Lëtzebuerger vum Joer

Mama, ech sinn immens stolz op Dech an immens Dankbar! Ech hat eng Kandheet an der et mir un näischt gefeelt huet, méin Coming-Out war keen Thema, „jidderengem séint“ – eng Reaktioun déi net selbstverständlech ass… du waars ëmmer fir eis do! A schonn dat alleng ass eng Leeschtung bei 6 Kanner. Mir hunn zesummen vill erlieft d 'Adoptioun um Gina, menger Schwësterchen huet vill Asatz kascht, mee elo sinn mir net nëmmen eng kleng, mee schonn eng grouss Famill! Elo wou du net nëmmen Mam mee och Boma bass, man ech mir keng Suergen ëm meng Kanner wann ech der mol hunn, du ënnerstëtzt Sara an séin Kand wou‘s du nëmmen kanns. Boutique Marianne féiers du elo no un 15 Joer! Ech wees dass et net ëmmer einfach ass, Akafszentren déi schonn méi wéi een Geschäft „aus dem Duerf“ verdriwwen hunn an déi onselleg Onlineshops zwéngen och Dech fir de Boutique ze kämpfen fir Dein Boutique, fir dëst Stéck Diddeleng an fir dein Personal. Als wier dat net schonn genuch… 
Mam Facebookgrupp „Helfer mit Herz“ sammels du Kleeder, Miwwelen, Spillsaachen fir déi Leit, dënnen et net esou gudd geet! All zweet Woch eng Camionnettë un Stemm vun der Strooss. Mat der Niklosaktioun konns Du 73 Familljen ënnerstëtzen a esou vill Kanner ee Laachen an Gesicht zauberen! Du verdéngs méin gréisste Respekt! „Oft hëlleft och een klenge Geste oder ee léift Wuert“ ma ech hoffen dass vill Leit ee klenge Geste fir dech iwwereg hunn a voten, fir Dech als Lëtzebuergerin vum Joer! Du hues et verdéngt!

Kommentar schreiben

Kommentare: 0